Der sidd Enseignant am Cycle 1-4 an Dir wëllt de Kanner aner Kulture méi no bréngen an si zum Liese motivéieren? Dann ass eis Rucksakbibliothéik dat Richtegt fir Iech an Är Klasse!
Informatiouns- an Aschreiwungsversammlung den 14te Januar 2020 um 14:00 am CITIM (55, avenue de la Liberté, L-1931 Luxembourg) (Umeldung per Mail un citim@astm.lu).
Vu Februar bis Juni wäerten nees Rucksäck gefëllt mat Geschichten aus anere Kulturen an Erzielunge vu Kanner aus anere Länner vu Klasse zu Klasse reesen. D’Ziel besteet doranner datt d’Kanner eis Welt unhand vu Bicher kenneléieren a virun allem de Spaass um Liese fannen.
Fir d’Editioun 2020 hunn mir d’Kannerbuchautorin Eymard Toledo invitéiert. Si wäert Mëtt Juni fir eng Woch op Lëtzebuerg kommen a Liesungen a Collage-Workshops duerchféieren.D’Unzuel u Liesungen a Workshops ass limitéiert an dowéinst och just fir Klasse méiglech, déi un der Rucksakbibliothéik deelhuelen.
Aschreiwe kënnt Dir Iech an der Informatiounsversammlung de 14ten Januar 2020 um 14:00 bei eis am CITIM. Soll Iech d’Participatioun un der Reunioun net méiglech sinn, da kënnt Dir Iech gäre bei eis mellen.
Weider Informatiounen fannt Dir hei.